Skip to main content

Richard I. vun England Literatur | Um Spaweck | NavigatiounsmenüArtikel an der Zeit

Kinneke vun EnglandHerzoge vun AquitaineHerzoge vun der NormandieGrofe vun AnjouHaus PlantagenetGebuer 1157Gestuerwen 1199


8. September1157Oxford6. Abrëll1199ChâlusKinnek vun EnglandAquitaineMaineNormandieAnjouHenry II.EnglandEleonore vun der AquitaineDrëtte KräizzuchJerusalemSultanSaladinMessinaSizilienJohn "Lackland" (Sans Terre)Philippe II.Leopold V. vun ÉisträichWienHeinrich VI.Coelestin III.Eleonore vun AquitaineRobin-HoodWiener NeustadtFriedberg (Steiermark)HainburgWormsSpeyerFrétevalIssoudunAngoulêmeTraité vu LouviersAdémar V. vu LimogesBuerg ChâlusAbtei FontevraultKathedral vu Rouen












Richard I. vun England




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen




De Richard I. (an enger Handschrëft aus dem 12. Jh.)


De Richard I. genannt Léiwenhäerz, (fr.: Richard Ier Cœur de Lion, en.: Richard I the Lionheart), am Fong Richard Plantagenêt, gebuer den 8. September 1157 zu Oxford a gestuerwen de 6. Abrëll 1199 zu Châlus, war vum 3. September 1189 bis zu sengem Doud Kinnek vun England.


Vun 1172 bis e gekréint gouf war de Richard Herzog vun der Aquitaine. Dono war en, nieft Kinnek vun England, och nach Grof vu Maine, Herzog vun der Normandie a Grof vun Anjou.


De Richard war den drëtte Jong vum Kinnek Henry II. vun England an der Eleonore vun der Aquitaine.


Hien huet, nodeems e Kinnek gi war, beim Drëtte Kräizzuch matgemaach (1189 bis 1192), fir Jerusalem vun den Truppe vum Sultan Saladin zréckz'erueweren. Ënnerwee dohinner huet hien d'Stad Messina op Sizilien gestiermt, wat em de Bäinumm "de Léiw" oder "Léiwenhäerz" abruecht huet. Iwwerdeems hien um Kräizzuch war, huet säi Brudder John "Lackland" (Sans Terre) England verwalt. De franséische Kinnek Philippe II. hat ënnerwee sträit mam Richard kritt, an huet dowéinst, nodeems hien éischter nees heem gefuer war, mam John en Ofkommes gemaach, dat dem Philippe en Deel vum englesche Besëtz a Frankräich zougesprach huet, iwwerdeems de Jean d'administrativ Muecht an deenen aneren Territoirë krut. Den engleschen Adel huet dësen Deal ënnerstëtzt.


Wéi de Richard gewuer gouf, wat doheem lass war, an ouni Succès bei der Eruewerung vu Jerusalem, huet hien 1192 eng Armistice mam Saladin geschloss, an huet sech den 30. Oktober nees um Landwee heem gemaach. Hie wollt, als Pilger verkleet, onerkannt bleiwen, mee wéi e wéinst sengem Liewensstil opgefall war, deen alles anescht wéi dee vun engem Pilger war, gouf en op Uerder vum Leopold V. vun Éisträich zu Wien gefaange geholl. De Keeser Heinrich VI. an de franséische Kinnek Philippe II. waren d'accord mat där Arrestatioun. Si wollten, datt hien eng héich Zomm Léisegeld bezuelen (an aner Konditiounen erfëllen) sollt, fir nees fräi ze kommen. De Richard huet dat refuséiert, an de Poopst ëm Hëllef geruff, well hien, als Kräizfuerer, besonnesch Protectioun hat. Den
Coelestin III. huet de Leopold V. doropshin exkommunizéiert, an den Heinrich VI. huet dem Richard de Prozess maache gelooss, fir seng Arrestatioun ze legitiméieren, a sou enger Exkommunikatioun z'entgoen.


Dunn huet sech och nach de Philippe II. an d'Léisegeldverhandlungen agemëscht, a versprach, wann de Richard ausgeliwwert géif, de Fuerderungen nozekommen. Domat wier de Richard awer och an der Hand vum franséische Kinnek gewiescht. De Richard war schlussendlech averstanen. Den John Lackland huet allerdéngs refuséiert, d'Léisegeld auszebezuelen, ma dem Richard seng Mamm, d'Eleonore vun Aquitaine, huet d'Suen agedriwwen, an deems se alles verkaaft huet, wat se konnt. D'Onrouen, déi duerch dësen Offloss vu Kapital entstane sinn, hu spéiderhin de Robin-Hood-Mythos ervirbruecht.


Mam Léisegeld huet de Leopold V. zu Wien eng nei Stadmauer finanzéiert, déi bis an d'19. Joerhonnert existéiert huet, an d'Stad Wiener Neustadt grënne gelooss a Friedberg (Steiermark) an Hainburg befestege gelooss. Den Heinrich VI. huet domat säin Ugrëff op Sizilien finanzéiert, a Stied wéi Worms a Speyer befestege gelooss.


De Richard gouf um Reichstag vu Mainz (2.–4. Februar 1194) fräigelooss an ass an de Wochen drop an England zréckgaangen. Do huet hie Fridde mat sengem Brudder John geschloss an huet Frankräich ugegraff. No Victoirë vum Richard bei Schluechten zu Fréteval 1194, Issoudun 1195 an Angoulême huet de Philippe II. am Traité vu Louviers 1196 zougestëmmt, dem Richard dee gréissten Deel vun den anekdéierten Territoiren am Anjou nees zréckzeginn.


An de Joren dono huet de Richard sech mat opstännegen Adlegen an der Aquitaine, ënnert der Leedung vum Adémar V. vu Limoges, zerklappt. Bei der Belagerung vun der Buerg Châlus gouf de Richard de 25. Mäerz schwéier blesséiert, an ass de 6. Abrëll 1199 un de Suiten dovu gestuerwen. E gouf an der Abtei Fontevrault begruewen, säin Häerz an der Kathedral vu Rouen.



Literatur |


  • Dieter Berg: Richard Löwenherz. Wissenschaftliche Buchgesellschaft, Darmstadt 2007, ISBN 978-3-534-14511-9.

  • Dieter Berg: Die Anjou-Plantagenets. Die englischen Könige im Europa des Mittelalters. Kohlhammer, Stuttgart 2003, ISBN 3-17-014488-X.

  • Jean Flori: Richard the Lionheart. King and knight. University Press, Edinburgh 2006, ISBN 0-7486-2046-X (Richard, cœur de lion).

  • John Gillingham: Richard Löwenherz. Eine Biographie. Pawlak, Herrsching 1990, ISBN 3-88199-738-5.

  • Ulrike Kessler: Richard I. Löwenherz. König, Kreuzritter, Abenteurer. Verlag Styria, Graz 1995, ISBN 3-222-12299-7. eBook: ISBN 9783957030689.(Wien, 2013)

  • Robert-Tarek Fischer: Richard I. Löwenherz 1157–1199. Mythos und Realität. Böhlau, Köln 2006, ISBN 3-205-77544-9.

  • Ralph V. Turner, Richard R. Heiser: The reign of Richard Lionheart: ruler of the Angevin empire, 1189–1199. Pearson Education, Harlow u. a. 2000, ISBN 0-582-25660-7.


Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: Richard I of England – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Artikel an der Zeit



Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Richard_I._vun_England&oldid=2060098“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.036","walltime":"0.053","ppvisitednodes":"value":83,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":1520,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":159,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":4,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":0,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 9.160 1 Schabloun:Commonscat","100.00% 9.160 1 -total"," 74.93% 6.864 1 Schabloun:Commons"," 31.80% 2.913 1 Schabloun:Link-Bild"],"cachereport":"origin":"mw1274","timestamp":"20190910174811","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Richard I. vun England","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Richard_I._vun_England","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q42305","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q42305","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2015-09-03T09:57:07Z","dateModified":"2017-10-19T16:16:23Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/4/49/Richard_coeurdelion_g.jpg"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":137,"wgHostname":"mw1327"););

Popular posts from this blog

How to preserve electronics (computers, tablets and phones) for hundreds of years Announcing the arrival of Valued Associate #679: Cesar Manara Planned maintenance scheduled April 23, 2019 at 23:30 UTC (7:30pm US/Eastern) The network's official Twitter account is up and running again. What content…How might modern humans leave a message for 50,000 years?How would an aquatic race develop computers?How do we make computers care for human life?Keeping supplies for 1000 yearsWhat will cell phones become in 100 years?What body armor protects against a laser?Could a society attain 1800s technology if limited to using copper and bronze?Electricity power (magic) and electronicsScavenging metal resources in post-apocalypse after 100 yearsWhy would precursors create devices that can survive and still work after hundreds of years?

155 수학 과학 기타 둘러보기 메뉴eh추가해eh문서를 완성해

Convert JSON to MapSimplest way to convert a string representing JSON array into Java array List of key value pairsHow to take String JSON values into HashMapConvert a JSON String to a HashMapCreating BSON object from JSON stringJSONObject - How to get a value ?Better Map ConstructorReading JSON from Url javaUpdate columns if input values are not null otherwise ignore and keep the existing values of column in databaseHow to store object represented as Json string into Couchbase Lite?Go JSON into MapHow do I efficiently iterate over each entry in a Java Map?Sort a Map<Key, Value> by valuesHow to round a number to n decimal places in JavaCan comments be used in JSON?How do I read / convert an InputStream into a String in Java?How can I pretty-print JSON in a shell script?What is the correct JSON content type?How can I deserialize JSON to a simple Dictionary<string,string> in ASP.NET?Why does Google prepend while(1); to their JSON responses?Parse JSON in JavaScript?